top of page

Ouschtereeër natierlech fierwen

Schonn eis Grousselteren hunn fréier natierlech Faarwen wéi Ennenschuelen benotzt fir d'Ouschtereeër ze fierwen.

Halbarkeet an Lagerung vun Eeër

Wosst dir, datt dir d'Eeër ouni Problem no dem MHD benotzen kennt an datt een se no deem Datum réichten am Frigo lageren soll? An datt se dann nach 1-2 Wochen dono gutt sinn?

Haart gekachten Eeër halen sech gutt 2 Wochen am Frigo. Et lount sech also, Eeër déi schonn méi al sinn haart ze kachen domat se bëssen méi laang haltbar sinn.

Fir eent 4-Minutten Ee, Zooss oder Desserten wou réi Eeër verschafft ginn ass et wichteg, datt d'Eeër frësch sinn.



Wat brauch een fir Eeër ze fierwen?

Fir d'Eeër mat natierlechen Faarwen ze fierwen ginn et verschidden Méiglechkeeten an et hänkt och vun den Ingredienten of, déi ee benotzt fir d'Faarwen.

Befiert d'Eeër gekacht ginn, muss een se gutt wäschen. Idealerweis hellt een fir d'natierlecht fierwen wäiss oder ganz hell Eeër, do kennt d'Faarf besser zur Geltung.

Et kann een d'Eeër och fir 10 Minutten an Waasser mat Esseg leen, doduerch gëtt d'Schuel ugegraff an d'Faarf bleift besser drun. Den Nodeel ass awer, datt d'Eeër doduerch manner laang haltbar sinn well déi natierlech Schutzbarrier ugegraff ass. Ech hunn op deen Schratt verzicht an d'Faarwen hunn mir gutt gefall.

Fir meng Eeër hunn ech Folgendes geholl:

  • Brong - ee Liter Waasser an eng Taass Kaffisatz

  • Giel - Kurkuma - ee Liter Waasser an 1TL Kurkuma

  • Blo - ee Liter Waasser an eng Taass Hibiskusbléihen

Am Waasser hunn ech d'Eeër 10 Minutten laang gekacht an dono hunn ech d'Eeër nach fir 24h am Sud leien gelooss, domat d'Faarf méi intensiv gëtt.

Wann een d'Hibiskusbléihen am Sud leien léisst, entsteet och nach eng schéin marbréierung um Ee.


194 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page