Wousst dir dat?
Wousst Dir dat? Am Moment kommen manner wéi 5% vum Geméis, dat a Lëtzebuerg verkaaft gëtt, aus lokaler Produktioun. Bei Uebst läit den Selbstversuergungsgrad bei manner wéi engem Prozent.
Trotz dësen Zuelen bleift d’Liewensmëttelverschwendung aus ästheteschen Grënn bestoen. Ofhängeg vum Produkt ginn 30-40% wéinst Normen an Standarden auszortéiert.
​
Dëse Widdersproch weist e grousst Potential fir Verännerung. Andeems mir net-perfekt oder iwwerschëssegt Uebst a Geméis aus lokalen Quellen akzeptéieren, kënne mir gläichzäiteg verschidde Erausfuerderunge ugoen:
Liewensmëttelverschwendung reduzéieren, déi lokal Landwirtschaft ënnerstëtzen an d’Ëmwelt nohalteg fërderen.
Missioun
Duerch Initiativen wéi eis, déi d’Rettung an d’Emverdeelen vun "onperfekte" Produkter prioriséieren, wëlle mir dëse Narrativ änneren.
Andeems mir d’Vielfalt vun de Friichten an dem Geméis schätze, kënne mir Konsumenten dozou ureegen, de Goût an d’Nährwerte iwwer d’Ausgesinn ze stellen. Gläichzäiteg stäerke mir sou d’Resilienz an d’Nohaltegkeet vun eisem Liewensmëttelsystem.
Zesummen kënne mir vill bewierken, andeems mir d’Wahrnehmung vun de Liewensmëttel änneren an en méi nohaltege Konsumusaz fërderen.
Loosst eis op eng Zukunft hi schaffen, an där all Uebst a Geméis, onofhängeg vu sengem Ausgesinn, als wäertvoll a iessbar ugesi gëtt.
Maach mat!
Wann Dir un eiser Aarbecht interesséiert sidd an als Member vun eiser Genossenschaft matmaache wëllt, kontaktéiert eis gär.
​
https://www.youtube.com/watch?v=EN8EN1eyFo8&t=1s
​
Wann Dir eis Aarbecht mat engem Don ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat gär op folgendem Konto maachen:
on.perfekt SC
Kont: LU65 0030 1790 0271 0000
BGL BNP Paribas