top of page

Onperfekt grëng Spargel Zopp

Des herrlech liicht Spargel Zopp schmaacht no Fréijoer. Als Haaptplat geet se fir zwee Leit duer, dobäi kann een dann nach bëssen Baguette oder Croutons aus haardem Brout maachen. Als Entrée kann een se véier Persounen zerwéieren.



D'Zopp hält sech fir dräi Deeg am Frigo, et kann een se awer och an der Truh fir spéider afréieren. AN der Truh hält se sech fir sechs Méint.

Ingredienten




  • 1 Schallotte

  • 2 EL Olivenueleg

  • 500g grëngen Spargel

  • 2 Gromperen

  • 500ml Geméisbritt

  • 150ml Ram

  • 1/2 TL rosa Peffer


Zoubereedung

  1. D'Schallotte schielen an wierfelen. Den Olivenueleg an engem Kachdëppen erhëtzen an d'Schallottenwürfel doran glaseg dëmpen.

  2. Den Spargel wäschen a gutt dreschenen. Dono an circa véier cm deck Stécker schneiden an bei d'Schallotten ginn. Kuerz mat undëmpen.

  3. D'Gromperen schielen, wäschen an a kleng Wierfel schneiden. D'Gromperen an d'Kachdëppen ginn a mat der Geméisbritt oofläschen.

  4. D'Geméis fir 15 Minutten op niddereger Flam kachen loossen. Mat engem Messer kontrolléieren, ob d'Geméis duerch ass.

  5. D'Zopp an engem Hochleistungsmixer oder mat engem Stabmixer fir puer Minutten schéin sämig püréieren. Jee no Geschmaach an Konsistenz kann een nach bëssen Geméisbritt dobäi ginn.

  6. D'Zopp an engem Teller uriichten a mat Ram a Peffer garnéieren. Direkt waarm genéissen.



134 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page