top of page

Frozen Yoghurt Bites

Eng waarm Woch steet befiert an wat gëtt et do Besseres wéi eppes Erfrëschendes aus der Truh?

Frozen Yoghurt Bites kënnen mat egal wéinegem Jughurt zoubereet ginn, et ass egal ob et griicheschen Jughurt, Soja Jughurt oder Jughurt mat Geschmaach ass. Haaptsaach et schmaacht dir :)

Wann den Jughurt kuerz virum oflafen ass (en hält sech iwwer den MHD nach eng Zäitchen am Frigo!) maachen ech gären Glace doraus. An der Truh hält en sech nämlech nach bëssen méi laang an et huet een eng gesond Glace bei Hand fir waarm Summer Deeg.

D'Frozen Yoghurt Bites sinn och super, fir Uebstreschter ze verschaffen. Do kann een sech fräi aussichen, wat een drop maachen well.




Ingredienten

  • 250g Jughurt

  • 1 EL Agavendicksaft

  • 100g Hammbier a Molbier, gemëscht

Zoubereedung

  1. Den Jughurt zesummen mam Avgavendicksaft gutt vermëschen.

  2. Eng Schossel mat Bakpabeier ausleeë an den Jughurt dorop verdeelen. Alternativ kann een den Jughurt och an Glacen- oder Eiswürfelformen fëllen.

  3. D'Uebst wäschen an virsiichteg dreschenen. Falls néideg a mondgerecht Stécker schneiden an op dem Jughurt verdeelen.

  4. Dat ganzt fir 2-3 Stonnen an d'Truh maachen, am beschten iwwer Nuecht.

Recent Posts

See All
bottom of page