top of page

Schaarf ageluechten Kolrabi

Geméis aleeën ass eng gutt Methode, fir et méi laang haltbar ze maachen.

Dëst Rezept kann vir anert Geméis, wéi zum Beispill Muerten, Kornischong, Rout Rommelen oder Courgetten benotzt ginn.

Et kann een och ouni Problem d'Gewürzer upassen an op Curry an Chilli verzichten, fir ee méi neutralen Goût ze kréien.


Haltbarkëet


D'Geméis kann einfach ageluecht ginn. Dobäi gëtt et just mat kachendem Sud iwwerschott an d'Glas direkt loftdicht zougemaach. Esou hält et sech fir ca dräi Wochen am Frigo.

Wann een op Nummer sécher well goen, kann een et awer och bei 90 Grad fir 60 Minutten an engem Akachdëppen akachen. Hei hält et sech gutt iwwer sechs Méint.




Varianten


Wéi schonns erwäänt, kann een den Sud ganz no Geschmaach upassen.

  • Muerten: hei passt den Curry an den Chilli ganz gutt. Et kann ee Muerten zesummen mat Courgetten oder Kolrabi aleeën. Entweeder a Scheiwen geschnidden oder a Steftecher. Probéier et och mol mat engem Stéck Ingwer aus.

  • Courgette: den Curry an Chilli ass och hei eng gutt Kombinatioun. D'Courgette harmonéiert ausserdeem ganz gutt mat gedréchentem Dill, Basilikum an Knuewelek.

  • Rout Rommel: bei der Rouder Rommel passt Dill, Estragon oder Fenchelsamen dobäi. Als Geméis léisst et sech och wonnerbar mat Fenchel kombinéieren.

  • Kornischongen: ganz klassesch kann een Dill dobäi maachen. Eng Mëschung aus Chilli, Kreuzkümmel an Koriandersamen ass ze empfeelen an auszeprobéieren.

Ingredienten

fir ee Glas à 500ml

  • 1 Kolrabi

  • 1 TL Salz

  • 350 ml wäissen Balsamicoesseg

  • 50 g Zocker

  • 1/2 TL Moschterkären

  • 1/2 TL Curry

  • gedréchenten Chilli

  • 1 Lorbeerblaat

  • 5 Pefferkären

Zoubereedung

  1. Glieser virbereeden andeems se engkeier mat waarmem Waasser a Spüli gebotzt ginn. Dono an den Schäffchen stellen a bei 150 Grad 15 Minutten auskachen. Wann d'Glieser gebraucht ginn aus dem Schäffchen huelen.

  2. Den Kolrabi schielen an mat enger Mandolinn a fein Scheiwen huwwelen.

  3. D'Scheiwen mat Salz an eng Schossel ginn a gutt duerchknieden. Eng Stonn zéien loossen. Dono ofwäschen a gutt dréchnen.

  4. Ee sterilt Glas prett stellen an den Kolrabi doranner schichten a fest beieneen drécken.

  5. Fir den Sud déi restlech Ingredienten an een Deppen maachen an engkeier opkachen loossen. Soulaang réieren, bis sech den Zocker opgeléist huet.

  6. Den Sud an d'Glas schëdden an direkt zoumaachen. Den Kolrabi fir eng Woch am Frigo zéien loossen.


325 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page