top of page

Radieschenpesto

Updated: Aug 11, 2020

Nodeems mer um Haff Trifolie bei der Recolte vun Radiesercher gehollef hunn, hu mer eis op d´Sich no neie Rezepter gemaach an dëse super gudde Pesto entdeckt.

Well dat bescht un de Radiesercher ass, net nëmmen d´Knolle schmaache gutt mee och d´Blieder muss een net wechgeheien, well si schmaache ganz wierzeg a loossen sech gutt verschaffen.

Fir de Pesto brauch een:

  • frësch, gebotzt Blieder vun engem Bond Radiesercher

  • Olivenueleg (ongeféier déi selwecht Quantitéit wei d´Blieder; Blieder weien!)

  • 35 gr Mandelen

  • 1 Zéif Knuewelek

  • 1 Tl Kreuzkümmel

  • 2 EL Zitroun

  • Peffer a Salz

Alles zesummen am Mixer püréieren. Duerno kann een de Pesto an ee Glas fëllen an uewendrop Olivenueleg schëdden. Esou bleift de Pesto sécher e puer Deeg am Frigidaire frësch.





137 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page