top of page

Wat?

 

  • den éischten onperfekt-Buttek zu Lëtzebuerg als Coopérative grënnen.

  • zesumme mat iech géint Liewensmëttelverschwendung kämpfen!

  • net mei akzeptéieren dat Liewensmëttel ewechgehäit ginn a net giess gi well se kromm gewuess, ze grouss oder ze kleng sinn!

  • net méi akzeptéieren dat Liewensmëttel ewechgehäit gi just well de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass.

  • lokal a regional Produzenten ënnerstëtzen  

  • dobäi v.a. de klenge Baueren a Produzenten d´Méiglechkeet ginn op mannst eng kleng finanziell Entscheedung vun eis ze kréien um di vill Aarbecht di si an hier Produite stiechen ze respektéieren. Well ob eng Muert riicht wiisst oder kromm d´Aarbecht di dra gestach gëtt ass ëmmer di selwecht.

​

Ett ass Zäit! Mir wellen net méi schwätzen mee eppes ennerhuelen!

 

Wéi?

 

  • Mir maachen eng zweet Recolte bei de regionale Geméisbaueren um Feld.

  • Mir gi bei lokal a regional a v.a. kleng Produzenten, Epicerien a Supermarchéen hier Produite sichen di si net verkafe kennen.

Wou? 

​

An eisem Buttek zu Marnesch oder iwwer Geméiskuerfabo´en . Mir passen dobäi op dat  Epicerie sociale, Cent Buttek oder aner Organisatiounen di op Spenden ugewise sinn, ëmmer an éischter Platz kommen.

bottom of page