Maach mat
Du bass iwwerzeegt dat krommt, ze klengt, oder ze grousst Geméis genau sou gutt ass an dat Liewensmëttel net solle wechgeheit gi wann se de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt hunn? Du bass der Meenung dat Liewensmëttel déi net den Normen entspriechen, gesellschaftlech akzeptéiert sollte ginn? Du wëlls Deel vun enger Gemeinschaft ginn, di sech dofir asetzt? Da maach mat a gëff Member vun eiser Kooperativ!
Wei kanns Du mat maachen?
Gëff Member vun der Kooperativ!
-
Scheck eis eng kleng Email op membres@onperfekt.lu.
-
Fëll de Formulaire aus dee mir Dir als Äntfert schécken.
-
Eng Part vun der Kooperativ on.perfekt kascht 50€. Du kanns déi op de Compte LU65 0030 1790 0271 0000; BGL BNP Paribas mat der Mentioun "Achat part on.perfekt SC - an däin Numm" bezuelen
Zesumme kënne mir Villes erreechen : Liewensmëttelverschwendung reduzéieren (gudde lokale Produiten eng 2. Chance ginn déi soss géife fort gehäit gi wëll se net der Norm entspriechen), Partnerschafte mat eise lokale Baueren ausbauen, asw. Dat Ganzt fënnt statt tëscht Gläichgesënnter, an enger gudder Ambiance, a Villes ass an der frëscher Loft.
Du kanns wielen op s Du wëlls ënnerstëtzenden oder aktive Member ginn.
ËNNERSTËTZEND MEMBEREN
-hunn d’Recht an der "Assemblée Générale" ze wielen (1 Stëmm/Member)
-kënnen an de "Conseil d’Administration" gewielt ginn
-kënnen hir Parte rembourséiert kréien no Accord vun der "Assemblée Générale annuelle"
-ginn invitéiert op Evenementer, déi speziell fir d’Memberen organiséiert ginn
AKTIV MEMBEREN
-hunn déi selwecht Rechter a Virdeeler wéi d’Memberen
-ginn 2 Stonnen am Mount vun hirer Zäit fir bei on.perfekt matschaffen. Dat kann zum Beispill um Feld, am Buttek, an der Kommunikatioun sinn - Du kanns op der Platz hëllefen oder vun doheem aus!
2021 hu mir d'Kooperativ on.perfekt gegrënnt. Mir sinn eng sozial Entreprise déi den Agrément "SIS (Société d'Impact Sociétal)" accordéiert kritt huet, dëst gëtt eis de Statut "d'utilité publique".
No eisem Crowdfunding Ufank 2022 war d'Ouverture vun eiser Epicerie am September 2022 eist grousst Ziel. Dës Epicerie funktionéiert säitdeem richteg gutt! 2023 wëlle mer zousätzlech eis Geméiskierf weider entwéckelen an och weiderhi verschidde landwirtschaftlech Betriber - eis Partner - an der Rekolt ënnerstëtzen.
Eis Statuten fënns Du hei