Iwwer eis
Ugefaangen huet alles Ufank 2020 wou mer zesumme sutzen an eis iwwer een Artikel ënnerhalen hunn dee mer gelies haten. An deem Artikel vum WWF stung nämlech, dat 30% vum Geméis op de Felder muss auszortéiert ginn aus kosmetesche Grënn. Mir hunn ëmmer méi mam Thema #foodwaste ausernee gesat an och wa mer eis absolut bewosst waren dat mer ze vill Liewensmëttel verbëtzelen huet d´Ausmooss vun der Verschwendung eis erféiert.
An dunn hu mir eis gefrot op dat hei am Land och esou ass?
"Wat geschitt eigentlech mat de kromme Muerten?"
Wou landen eis Liewensmëttel déi net de kosmetesche Standarden entspriechen oder déi ee klenge Feeler hunn? Ginn Liewensmëttel déi ofgelaf si weiderverdeelt oder ewechgeheit?
Mat dëse Froen hu mer eis op de Wee gemaach bei Produzenten a Supermarchéë fir mat hinnen ze diskutéieren, bei der Recolte ze hëllefen an Äntweren ze fannen.
An do ass d´Iddie entstanen. Mir wëllen eng Epicerie opmaache mat allem wat auszortéiert gëtt, kromm Muerten, kleng Gromperen, ofgelafe Liewensmëttel an allem wat ee Schéinheetsfeeler huet.
... eben einfach on.perfekt
Mettlerweil am Januar 2022 si mer vill Schrett mei wäit!
Mir hunn zu 10 eng Société Coopérative gegrennt mat zousätzlech 20 Bénévolen déi um Feld oder um Pop-up maart hellefen. Enn 2021 hu mer dunn och den Agrément pour société d´impact social kritt.
Mir sinn elo gut opgestallt fir alles wat kennt a freen eis mat eech zesummen eppes géint Liewensmëttelverschwendung ze ennerhuelen!
Är Ekipp vun on.perfekt

Aline









