top of page

Äppel Esseg

Haut weisen ech, wéi een sech selwer Esseg aromatiséieren kann. Heivir kann een all méiglecht Uebst huelen wat engem schmaacht. Ganz gutt hunn ech Äppel, Hammbier, Äerdbier a Schallotten fonnt.

Wann mir Äppel verschaffen fir zum Beispill eng Äppeltaart gëtt d'Schuel gären erofgeschnidden. Ma och den Batz ass net iessbar a flitt dann op de Kompost. Dobäi stécht och do nach ganz vill Goût dran an et kann een en gutt weiderverschaffen, wéi zum Beispill fir den Esseg ze aromatiséieren oder Äppelsirup ze kachen. Heifir kann een sou virgoen, wéi beim Aerdbier Sirup.

Fir dëst Rezept brauch een just ee neutralen Esseg, wéi den wäissen Wäin Esseg an Reschter vum Uebst wat een well verschaffen. Well de Glasbehälter, an dem den Esseg ugesat gëtt voll gemaach gëtt an dono mat Esseg opgeschott gëtt, gëtt et hei keng genau Mengenangabe vun mir. Wichteg ass just, datt de Glasbehälter propper a steril ass, domat sech keen Schimmel bilt.

Den fäerdegen Esseg kann een dann an Zalotenzoossen benotzen.



Zoubereedung

  1. D'Schuelen an Reschter wéi Batz vun den Äppel an ee sterilen Glasbehälter ginn a ee Glasdeckel drop leen. Dësen hëlleft, datt d'Uebst ënnen bleift an alles mat Esseg bedeckt ass.

  2. De Glasbehälter mat Esseg opfëllen an loftdicht zoumaachen.

  3. Dat ganzt elo fir dräi Wochen zéien loossen. Duerch ee Siff ginn an a steril Fläschen ëmfëllen.

Glieser a Fläschen steriliséieren

  1. D’Fläschen an d’Glieser mat Spullmëttel propper maachen a gutt ausspullen.

  2. Alles op ee Bakblech stellen a fir 15 Minutten bei 150 Grad am Schäffchen steriliséieren.

  3. Den Schäffchen ausmaachen an d’’Fläschen an d’Glieser dran stoen loossen, bis se gebraucht ginn.

  4. D’Deckelen an enger Kasserolle mat Waasser fir 10 Minutten kachen loossen.

Den Essig hällt sech sechs Méint op enger donkeler Platz.


Recent Posts

See All
bottom of page