Et kënnt oft fir: et keeft ee Banannen, a schonn no kuerzer Zäit sinn se iwwerzeideg. Mee mat iwwerzeidegen Bananne kann ee ganz gutt ee Kuch baken.
Soubal se ufänke schwaarz ze ginn, ginn se vill méi séiss. Doduerch brauch een am Rezept wéineg bis bal keen Zocker. Den Kuch kann een och ganz wonnerbar upassen. Sou kann een zum Beispill den Kakao ewech loossen a just Schockelas Stécker mat dran verschaffen oder mat aner Gewierzer wéi Kanéil oder Vanill schaffen.
Schockelas Banannekuch
Ingredienten
100g Botter
125 g Miel Typ 450
2 EL däischteren Kakaopolver
1 TL Bakpolver
1 Prise Salz
4 Bananne
1 EL Hunneg
1 Ee
75g däischteren Schockela, gerappt oder kleng geschnidden
Zoubereedung
Den Schäffchen op 180 Grad Ëmloft stellen a virhëtzen loossen.
Botter an enger Kasserolle schmëlzen loossen an ofkillen loossen.
D'Miel zesummen mat dem Kakaopolver, Bakpolver a Salz vermëschen.
Dräi Bananne schielen an mat enger Forschett reng tripsen, den geschmolten Botter, den Hunneg an d'Ee dobäi maachen a gutt vermëschen.
D'Mielm an den Schockela dobäi ginn an zu engem homogenen Deeg verréieren.
Den Deeg an eng agefetten Springform ginn. D'Bananne déi nach iwwreg ass schielen an der längt no opschneiden an op den Kuch leen a bëssen fest drécken.
Den Kuch elo fir 50 Minutten am Schäffchen baken, ofkillen loossen a genéissen.
Comments