top of page

Pesto aus Muertenschuelen

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****


Mir sinn immens frou iech eis nei Kooperatioun mam Jill Novak vum Foodblog "Kleines Kuliversum" virstellen ze kennen!


Op sengem Blog stellt hatt regelméisseg Rezepter aus der letzebuerger Kichen awer och vill asiatesch oder orientalesch ugehauchte Rezepter fann dir do. Wann der Iech säi Blog ukuckt kennt der Iech dervunn iwwerzeegen dat nett nemmen Rezepter wirklech gutt klengen an och gutt sinn, mee och seng Fotoen aussergweinlech schéin sinn.


Ab elo deelt d´Jill dann elo all Mount een #ZeroFoodwaste Rezept mat eis. Rezepter dei versichen alles, och d´Schuelen an Blieder vum Gemeis ze verschaffen.


Dir kennt gespannt sinn an eech mat eis freen!!! MERCI Jill!



Normalerweis géifen d’ Schuelen vun den Muerten an der Bio-Tonne oder bei den Kanéngercher landen. Ma et kann een se awer och ganz einfach zu engem Pesto maachen, wann een seng Muerten well schielen.


Wichteg ass et, d’Muerten virum schielen gutt ze wäschen an dann ass dat keen Problem se dono weider ze verschaffen. Den Pesto hält sech mat enger Schicht Ueleg ongeféier eng Woch am Frigo. Ween d’Haltbarkeet well verlängeren kann en och portiounsweis afréieren an huet méi laang eppes dovun.

Den Pesto kann natierlech och un den perséinlechen Goût ugepasst ginn. Fir d’deck Nëss kann een zum Beispill och Pinienkären oder Mandelen huelen. Ween den Knuewelek net sou gären huet kann och gekachten benotzen oder ganz ewech loossen an och beim Ueleg kann een huelen, wat engem schmaacht.

Bei der Virbereedung vum Pesto muss een op wéineg oppassen. Wichteg ass et just, datt den Parmesan net erhëtzt gëtt. Dofir rappen ech en virdrun reng an ginn en ganz zum Schluss dobäi.

D’Rezept ass mat den Schuelen vun 500 g Muerten gemaat ginn, beim Ofweien sinn ech op 150 g komm. Den Pesto kann een als Dip, op den Nuddelen oder fir op d'Schmier benotzen.

Ingredienten

  • 150 g Muertenschuelen

  • 30 g déck Nëss, geschielt

  • 1 Knuewelekszéif, geschielt

  • 100 ml Olivenueleg

  • 50 g Parmesan, gerappt

  • Salz a Peffer

Zoubereedung

  1. D’Muertenschuelen zesummen mat den Nëss an der Knuewelekszéif püréieren. No a no den Olivenueleg dobäi ginn.

  2. Den Parmesan ënnermëschen an mat Salz a Peffer ofschmaachen.

126 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page