Job Offer
Du sicht en Job mat Sënn?
Da bass de bei eis genau richteg!
Mir si on.perfekt, eng sozial Coopérative, déi sech géint Liewensmëttelverschwendung asetzt. Mir hu e zweeten Ofsazmaart gegrënnt fir Uebst a Geméis, dat ze kromm oder ze kleng ass, fir um normale Marché verkaf ze ginn, eng zweet Chance ze ginn. Nieft Verkaf, Récolte a Logistik ass eis virun allem Sensibiliséierung an Informatioun iwwer dat Thema eng Häerzenssaach.
An do kenns du an d'Spill!
Mir sichen: Responsable Sensibilisatioun & Informatioun
🕓 20–32 Stonnen / Woch
Dauer: Septembre 2025 bis Juni 2026 (evtl Méiglechkeet vun enger prolongation)
📍 Standuert: Marnach / Homeoffice a mobil am Land ënnerwee
Däin Aufgabefeld:
-
Organiséiere vun Sensibiliséierungs- an Informatiounsaktiounen zesumme mat eiser Ekipp
-
Halen vu Workshops fir Kanner a Jugendlecher
-
Weiderentwécklung vu pädagogeschem Material
-
Präsenz op Evenementer (Organisatioun vum Stand, Oflaaf, Koordinatioun vun enger klenger Ekipp vu Benevollen)
-
Matschaffen an anere Beräicher vun on.perfekt (z. B. Récolte, Verkaf am Buttek, Këschte packen, Stock botzen) Mir sinn eng kleng Ekipp wou jiddereen och mol an anere Beräicher aushelleft.
Wat mir sichen:
-
Sproochkenntnisser: Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch oder Englesch
-
Führerschäin Kategorie B
-
Eng oppen, kommunikativ a frëndlech Persoun, déi gären mat anere Mënschen schafft
-
Selbststänneg Aarbechtsweis a gutt Organisatiounsfäegkeeten
-
Engagement fir e harmonescht, nohaltegt a respektvollt Aarbechtsëmfeld
-
Idealerweis Erfarung oder Wëssen an engem oder méi vun dëse Beräicher:
-
Liewensmëttelverschwendung & -produktioun
-
Nohaltegkeet & Ëmweltthemen
-
Pädagogesch Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen
-
Formatioun an Informatioun vu Erwuessenen
-
Design Thinking, partizipativ Methoden
-
-
Virdeel : Diplom (oder Ausbildung) an engem relevante Beräich (z. B. Educatioun, Nohaltegkeet, Agronomie, etc.)
Wëlls du mat eis zesumme schaffen a Verännerung am Liewensmëttelsystem bewierken?
Da mël dech bei eis! 💚
Bréif an CV un julia@onperfekt.lu bis den 11. Juli 2025