top of page

Kürbis Panzanella

Haut gëtt et ee Rezept fir eng ganz lecker an einfach Zalot. Mam Kürbis an der Mauséiercherszalot passt se super an den Hierscht an ass och nach ee super Rezept, fir Reschter aus dem Frigo ze verschaffen.

Et muss een sech net genau un d'Ingredienten halen, déi am Rezept virkommen. Fläid hutt dir nach Ruccola, Spinat oder aner Zalot am Frigo? Burrata schmaacht iech net? Dann kann een och ganz einfach Mozzarella oder Parmesan benotzen. Dir hutt nach aner Nëss doheem? Dann benotzt déi amplaz déck Nëss.

D'Kürbiskären kënnen och weider verschafft ginn. Dofir d'Kären gutt wäschen, soudatt keng Faseren méi drun hänken an dann dréchnen. Dono kënnen se mat Gewürzer an bessen Ueleg marinéiert ginn an am Schäffchen bei 180 Ober-/Unterhitze gedreschten ginn. Dat dauert ongeféier 20 Minutten an tëschenduerch muss een se eng keier wenden.

Als Kürbis kann een all Zort benotzen, ob d'Schuel drop bléift oder net ass jidderengem selwer iwwerlooss. Grondsätzlech kann een se awer mat iessen. Zorten wéi Hokkadio hunn eng ganz mell Schuel an Butternut éischter eng méi haart, des Zort brauch dann bessen méi laang am Schäffchen.

Kürbis Panzanella


Ingredienten

  • 1 klengen Kürbis, mat Schuel

  • 3 EL Olivenueleg

  • 1 Knueweleckszéif, gepresst

  • 1 TL Italienisch Kreider (Thymian, Rosmarin, Oregano, Salbei)

  • 1/2 aal Baguette

  • 1 EL Botter

  • 200 g Mauséierchers Zalot

  • 1 Schalott

  • 20 g déck Nëss, geschielt

  • 20 g Oliven

  • 250 g Burrata

  • 6 EL Balsamico Essig

  • 3 EL Olivenueleg

  • 1/2 TL rosa Beeren (Peffer)

  • Salz a Peffer

Zoubereedung

  • Den Schäffchen op 190 Grad Umluft erhëtzen. Den Kürbis gutt wäschen, an zwee deelen an d'Kären eraushuelen. Den Kürbis dann a Sparten schneiden an mat Olivenueleg, italieneschen Kraider a gepresstem Knuewelek vermëschen. Den Kürbis op ee Bakblech ginn a fir 20-30 Minutten am Schäffchen goen loossen. Wann den Kürbis mëll ass bessen ofkillen loossen

  • D'Baguette a Wierfelen schneiden an zesummen mam Botter an enger Pan unrösten an mat bessen Salz wierzen. Op d'Säit stellen an bessen ofkillen loossen.

  • D'Zalot wäschen an dreschen schleideren. D'Schallott schielen an a Wierfelen schneiden. Zesummen mat den Nëss an Oliven an eng Schossel ginn. D'Kürbisspalten, d'Baguette an den Burrata dorop uriichten.

  • Fir d'Vinaigrette den Balsamico Esseg mat Olivenueleg mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Iwwer den Zalot ginn a mat ugedreckten rosa Beeren garnéieren.

139 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page