top of page

Réidercher Zopp mat Pesto

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****

"Ganz oft stellen ech mir d’Fro “wat soll ech nëmmen mat den Réidercher maachen?” an ganz oft kommen se dann einfach kleng geschnidden an den Zalot. Do schmaachen se natierlech och ganz gutt, ma et kann een awer nach esou villes méi domat maachen. Dofir hunn ech mir eng gutt Zopp afalen gelooss, déi garantéiert schmaacht! Ween Réidercher gären huet, wäert des Zopp och gefalen.


Ween alles vun den Réidercher benotzen well, kann och ee Pesto maachen. Dofir brauch een puer deck Nëss, Parmesan, Olivenueleg an dat gréngt vun den Réidercher. Alles zesummen an engem Mixer püréieren, a fäerdeg ass schonn de leckeren Pesto. Dësen passt net nëmmen bei d’Zopp an dat wat iwwreg bleift kann gären nach engkeier mat Nuddelen gemaach ginn oder fir op ee gutt Stéck Baguette.

Ingredienten

Zopp

  • 1 Schallott

  • 1 EL Botter

  • 1 Bond Réidercher, ouni Gréngs

  • 1 Gromper

  • 25ml Riesling (optional)

  • 500ml Geméisbritt

  • 100ml Ram

  • Salz a Peffer

Pesto

  • Gréngs vun den Réidercher

  • 50g Parmesan

  • 5 deck Nëss

  • 100ml Olivenueleg




Zoubereedung

  1. Schallott a kleng Stecker schneiden an zesummen mam Botter an engem Deppen undëmpen.

  2. Réidercher gutt wäschen a kleng schneiden, bei d’Schallotten dobäi ginn an matdempen. Sie kënnen gären ebessen Faarw unhuelen.

  3. D’Gromper schielen, a kleng Stecker schneiden an dobäi ginn. Mat Riesling ofläschen an mat Geméisbritt opfëllen.

  4. Dat ganzt elo fir 15-20 Minutten lues kachen loossen.

  5. Wann d’Geméis duerch ass gëtt et püréiert a mat Salz a Peffer ofgeschmaacht.

  6. D’Zopp gëtt dann mat ebessen Ram verfeinert.

  7. Fir den Pesto dat Gréngt gutt wäschen an dreschnen, a mat den aner Ingredienten püréieren a bei d’Zopp dobäi ginn.





43 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page