top of page

Cornichons Joghurt Zopp


Des Cornichons Joghurt Zopp ass ideal als Entrée oder fir beim Aperitif ze zerweieren. Well se kaal giess gett, kann een se och super virbereeden.


D’Cornichons mussen fir dest Rezept net geschielt ginn, sollt d’Schuel ewer ze deck sinn, kann een d’Schuel ganz oder deelweis fortmaachen.


Des Zopp kann een och mat Gourgetten maachen. Dofir einfach d’Cornichons duerch eng deck Gourgette ersetzen.



Ingredienten


  • 2 Cornichons

  • 1 Knueweleckszéiw

  • 250g Joghurt

  • ½ Zitroun, Saaft

  • ½ Bond Dill

  • 4 Stängel Peffermenz

  • Salz & Peffer

  • 2 EL Olivenueleg

  • Chiliflacken


Zoubereedung


  1. D’Cornichons falls néideg schielen an a kleng Stecker schneiden, fir ze garnéiren puer Rondelen oofschneiden an opt Säit leen. Den Knueweleck schielen an kleng schneiden.

  2. Zesummen mam Joghurt, dem Jus vun der Zitroun, dem Dill an der Peffermenz fein püreiren. Vum Dill an der Peffermenz och ebessen opt Säit leen fir ze garnéieren.

  3. Daat ganzt mat Salz a Peffer oofschmaachen an fir 2-3 Stonnen kaal stellen.

  4. D’Zopp zerweieren a mat Cornichonsscheiwen, Dill, Peffermenz, Olivenueleg an Chiliflacken garneieren.

46 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page