top of page

Brochschokoela aus Reschter

Jiddereen weess: fir Kleesechersdaag an iwwer d'Adventszäit kritt een einfach ze vill Schockela an Séissegkeeten :)

Ween aus de Reschter vun ugefaangenem Schockela oder Tuten eppes Flottes maachen well, ass bei dësem "Rezept" genau richteg.



Fir d'éischt mécht een sech ee Bakblech mat Bakpabeier prett a verdeelt de Schockela dorop. Dann hetzt een säin Schäffchen op 50 Grad Ëmloft op a gëtt de Schockela fir 10-15 Minutten an de Schäffchen. Jee no deckt vun den Tafelen oder dem Schockela kann en schonn ebessen éischter geschmolt sinn, dofir einfach no 10 Minutten engkeier kontrolléieren.

Dono kann ee mat engem Zännstocher oder Stäbchen den Schockela vermëschen. Wann een donkelen, hellen a wäissen Schockela benotzt, kritt een eng schéin marmoréirung dran. Dono kann een den Schockela dann mat verschidden Séissegkeeten garnéieren, déi een grad am Haus huet.

Dat ganzt léisst een dann nach fir eng Stonn am Frigo fest ginn an dann kann een de Schockela mat engem schaarfen Messer a kleng Stecker schneiden. Lo kann een en entweder selwer genéissen oder fir Chrëschtdag verschenken.



241 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page