Radieschenpesto
- on.perfekt
- Jun 4, 2020
- 1 min read
Updated: Aug 11, 2020
Nodeems mer um Haff Trifolie bei der Recolte vun Radiesercher gehollef hunn, hu mer eis op d´Sich no neie Rezepter gemaach an dëse super gudde Pesto entdeckt.
Well dat bescht un de Radiesercher ass, net nëmmen d´Knolle schmaache gutt mee och d´Blieder muss een net wechgeheien, well si schmaache ganz wierzeg a loossen sech gutt verschaffen.

Fir de Pesto brauch een:
frësch, gebotzt Blieder vun engem Bond Radiesercher
Olivenueleg (ongeféier déi selwecht Quantitéit wei d´Blieder; Blieder weien!)
35 gr Mandelen
1 Zéif Knuewelek
1 Tl Kreuzkümmel
2 EL Zitroun
Peffer a Salz
Alles zesummen am Mixer püréieren. Duerno kann een de Pesto an ee Glas fëllen an uewendrop Olivenueleg schëdden. Esou bleift de Pesto sécher e puer Deeg am Frigidaire frësch.

Comments