top of page

Perfekt! ... mee zevill


Perfekt Zalote fir déi awer schlussendlech einfach keen Abnehmer do war. Och dat, hu mer geléiert, ass d´Realitéit vum Geméisbauer.

Natierlech gëtt geplangt an et huet een seng Client´en, mee schlussendlech kann et awer ëmmer rëm virkommen, dat ee Geméis, esou wei elo hei déi wonnerschéi Zalot, geplanzt, iwwer Woche genetzt a gebotzt huet an dann ass kee Abnehmer do dee Moment wou d´Zalot zeideg ass. Dofir ware mir immens frou dat mer konnten op mannst een Deel vun der Zalot retten a weiderverdeelen.


Och dat ass Geméis, dat dir spéider an eisem Buttek wäert fannen. Also net nëmme Liewensmëttel déi net den Normen entsprieche mee eben och Geméis dat opgrond vun enger saisonaler Iwwerproduktioun keen Abnehmer méi fënnt.




120 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page