top of page

Muertekuch

Nodeems dir no eisem Testowend, zu souvill nom Aline senge Rezept vum Muertekuch gefrot hud! Hei ass et!


Et ass baal net ze gleewen dat do keen Zocker a kee Miel dran ass. Probéiert selwer emol.


Zutaten:

150 g Muerten, geraaspelt

150 ml Orangëjus

250 g gemuele Nëss (Wuelnëss, Cashewnëss,…)

60 g Botter

20 Dattelen

2 Éier

1 TL Bakpolver

1 TL Kanéil

Dattelen an eng mat Waasser gefëllte Schossel gi, an Dattelen fir 20 Minutten aweechen.

D’Bakform mat Botter ausreiwen oder mat Bakpabeier auskleeden.

Di ageweechten Dattelen mam Mixer zerklengeren an dono d’Éier, Botter an den Orangëjus dobäi ginn a verréieren.

No an no déi iwwreg Zouhaten dobäi ginn an zu enger glater Mass vermëschen.

Den Deeg an eng Form maachen a fir +/- 35 Minutten bei 180°C baken.


Een einfachen an séieren Muertekuch.


Mir wënschen e gudden Appetit






 
 
 

2 commentaires


ines.quaring
01 oct. 2020

ech geng d’Rezept gär ausprobéieren, frod mech awer wat fir Dattelen ech huele soll? déi gezéckert? déi frësch wuel net, well se si schwéier ze fannen! Anerer kaschte 25€ de Kilo, do kéim een dann op 14 €!!!

wien huet eng Äntwert?

merci

J'aime

Membre inconnu
26 juil. 2020

Merci fir d'Rezept! 🥰 A menger Famill huet et jidderengem geschmacht.

J'aime
  • Instagram
  • Facebook
  • LinkedIn
  • YouTube

 ©2025 by on.perfekt

GOUV_Ministère_de_l’Agriculture,__de_l’Alimentation_et_de_la_Viticulture_Rouge.jpg

projets pour: 

GOUV_MECB_Administration_de_l_environnement_Rouge.png
Antigaspi-Logo.jpg
image.png
bottom of page