top of page

Mindesthaltbarkeetsdatum. Mëscht dee Sënn?

Updated: Oct 20, 2021

Kenn dir den Ënnerscheed tëschent Mindesthaltbarkeetsdatum a Verfallsdatum?

Tatsächlech ass den Ënnerscheed richteg grouss an et sinn net einfach zwee verschidden Ausdréck fir di selwescht Saach.

De Verfallsdatum däerf nit iwwerschratt ginn. Et ass deen Datum dee seet wei laang ee Liewensmettel däerf giess ginn. Ee Verfallsdatum gëtt et z.b. bei Poulet, Gehacktes oder Fësch.

Grafik: https://antigaspi.lu/medias-lu/antigaspi-infographiken/


Dat anert ass den Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD). De Mindesthaltbarkeetsdatum ass eng Informatioun vum Produzent, déi bedeit datt d’Produkt bis zu deem Datum säi Goût a seng Qualitéit behält.


Grafik: https://antigaspi.lu/medias-lu/antigaspi-infographiken/


D’ Liewensmëttel sinn awer net ongenéissbar no Oflaf vun dësem Datum. Meeschtens kann ee Liewensmëttel souguer nach ganz laang nom Oflaf vum MHD iessen. Gutt Beispiller sinn Nuddelen, Kaffi a Räis mee och frësch Produit´en wei Mëllech, Stoffi a Jughurt hale vill méi laang.

D´Zeitung "Greenpeace Magazin" huet an engem Langzäittest gekuckt wei laang Liewensmëttel iwwer den MHD eraus nach genéissbar sinn. Dësen Test huet erstaunlech Resultater gehat, hei e puer Beispiller weivill Deeg iwwert den MHD eraus déi Liewensmëttel nach gutt waren:

  • Am Frigidaire gelagert Eeër: 112 Deeg

  • Agepaakt Salami : 85 Deeg

  • Ageschweesste Kéis a Scheiwen: 22 Deeg

  • Jughurt: 26 Deeg

Et ass also Wansinn wa mer Liewensmëttel wechgeheie just well se iwwert de MHD sinn. Vertraut äre Sënner! Kuckt, richt, a schmaacht de Jughurt oder de Kéis ier der e wechgeheit. Dat ass besser fir eis Ëmwelt an och fir äre Portmonni.

227 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page