top of page

Fenchel?... emol anescht

Updated: Oct 22, 2020

Fenchel ass ee Geméis dat jo net grad bei jidderengem beleiwt ass.


Dat eischt un dat vill Léit denken ass Fencheltéi an dee verbanne mer mat Mookrämp an Iwwelkeet, also net grad attraktiv...


Dobai ka Fenschel vill méi! Et ass engersäits ee kalorienaarmt Gemeís an enthällt aneresäits ätheresch Ueleger déi de Moo stäerken, Verdauung ënnerstëtzen an als Entzündungshemmer am Kierper wierken. Ausserdem ennerstetze dei ätheresch Ueleger och d´Duerchbludung an stimuléieren d'Liewer an d´Nieren. Fir meiglechst vill vun desen äthereschen Ueleger ze profitéieren musst der de Fenchel allerdings am bescht réih iessen. Beim Akachen ginn da scho vill vun desen Ueleger verluer.


Wann der elo soot dat ass jo alles schéin a gudd mee e schmaacht mer einfach nit. Da probíert dach emol dest Rezept hei ennen drenner. Agemaach mat denen ennerschdidlechen Kréider kritt de Fenschel nach emol ee ganz aneren Aroma.


Fenschel


Dësen agekachte Fenschel ass net nëmmen am Stéck zerwéiert eng Delikatess, ma och kann en a fein Sträifen geschnidden, mat Orangenfileten oder mediterranem Kraiderueleg, zerwéiert ginn. Well de Fenschel agekacht an der Essegbritt läit, huet en ee wonnerbaren Aroma a bréngt d’Vinaigrette schonn mat.


Zoubereedung fir 2 Glieser (à ca. 800 ml), 30 Min. Kachzäit, mindestens 6 Méint haltbar


Zoutaten fir 2 Glieser:

1kg Fenschel

2 Tl rout Pefferkären

1 Tl schwaarz Pefferkären

1 Tl Fenschelsom

1 Knuewelekszéif

2 Lorberblat

5 breet Sträifen Orangëschuelen


Fir d'Britt:

300 g Wäisswäinesseg

120 g Zocker

12 g Salz


De Fenschel wäschen a botzen. D’Fenschelknoll je no Gréisst véirelen oder aachtelen, dat Gréngt graff schneiden. D’Fenschelstécker an dat Gréngt dicht a steriliséierte Glieser schichten an d’Gewierzer dobäi ginn.


Fir d'Britt alleguer Zoutaten mat 500 g Waasser an engem Dëppen opkachen a lues goe loossen, bis sech den Zocker an d’Salz ganz opgeléist hunn. Nodeems d'Britt ofgekillt ass, de Fenschel mat der Britt opschëdden. D’Glieser zoumaachen an 30 Minutten bei 90° C. akachen.





Also fir all dei, déi Fenschel bis elo net gäer haaten... gidd em eng zweet Chance ;-) an dei aner loost iech och dest Rezept schmaachen.


Wann dir och gutt Fenschelrezepter hudd géife mer eis freen wann der se mat eis deelt!



132 views1 comment

Recent Posts

See All
bottom of page