top of page

29.09 : Invitatioun op en on.perfekten Owend

Updated: Sep 26, 2020


Den 29. 09 vu 17:00 bis 20:00 Auer organiséiere mer eisen dretten Testowend.


Mir waren dei läscht Wochen erem fläisseg an der Récolte hellefen an hunn vill Geméis an aner Liewensmettel kritt dei mer iech deen Owend ubidde kennen.


Mat derbäi sinn Den Haff Trifolie, Den Haff Hipp an eng eischte Keier och "La Grande Epicerie Massen".

De Motto ass wei emmer "Gëff wat et dir wäert ass"




Wou?


Dir fannt eis op der Haaptstrooss beim RondPoint zu Housen (Afart vis-a-vis vum Auto-Okkasiounsmaart) a wonnerschéine Reimlechkeeten dei mer vun der Firma majerus parmentier constructions sarl zur Verfügung gestallt kréien.


Ee ganz grousse MERCI dofir a speziell dem Jean-Luc Majerus deen eis Iddie vun der eischter Minut un mat Begeeschterung ennerstetzt huet.


Mir freen eis wann der lanescht kommt,


dei ganz Ekipp vun onperfekt



mei iwwer deen Owend fann der och hei:


>>>> ---- https://bit.ly/3j5OaBY -----<<<<


341 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page