top of page

Äerdbier Sirop, Likör a Kompott

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****

"Haut hunn ech ee super einfacht a schnellt Rezept, aus deem een direkt dräi verschidden Saachen maachen kann: Sirop, Likör a Kompott. Fir dëst Rezept ass et och net wichteg, datt d’Äerdbier perfekt ausgesinn an et kann een der och huelen, déi kleng Platzen opweisen, soulaang et keen Schimmel ass.


Dat beschten dorun ass, datt een d’Rezept och ganz einfach upassen kann an zum Beispill anert Uebst wéi Kréischelen, Hammbier, Äppel, Biren, Rubbarb, asw benotzen kann.


Ingredienten

  • 1kg Äerdbier

  • 400g Zocker

  • 600ml Waasser

  • 300-400ml Wodka


Zoubereedung

  1. Fir den Sirop d’Äerdbier wäschen, kleng schneiden a mat Zocker a Waasser fir 15 Minutten kachelen loossen.

  2. D’Äerdbier duerch ee Sief ginn an dobäi de Sirop opfänken. Domat den Sirop ganz kloer gëtt, kann een en nach engkeier duerch ee Mullduch passéieren.

  3. Am Mullduch bleift dann den Äerdbier Kompott, dësen kann een nach waarm an steril Glieser afëllen.

  4. Den Sirop kann een elo entweder nach waarm a steril Fläschen afëllen oder ofkillen loossen fir den Likör.

  5. Fir den Likör den ofgekillten Sirop zesummen mam Wodka mëschen an a steril Fläschen fëllen.



Glieser a Fläschen steriliséieren

  1. D’Fläschen an d’Glieser mat Spullmëttel propper maachen a gutt ausspullen.

  2. Alles op ee Bakblech stellen a fir 15 Minutten bei 150 Grad am Schäffchen steriliséieren.

  3. Den Schäffchen ausmaachen an d’’Fläschen an d’Glieser dran stoen loossen, bis se gebraucht ginn.

  4. D’Deckelen an enger Kasserolle mat Waasser fir 10 Minutten kachen loossen.


Recent Posts

See All
bottom of page