top of page

Eppes fir "Nuetseilen": Récolte um Haff Trifolie

Mir waren erëm zu Cruchten an der Recolte hëllefen. An och wa mer d´Landwirtschaft op kee Fall ze vill romantiséiere wëllen, well de Geméisbau ass, esou wei mir bis elo matkritt hunn, guer keen einfacht Geschäft, ass et einfach esou schéi moies wann d´Sonn opgeet um Feld ze stoen!

Ok, mir sinn éierlech, dat opstoen um 3 Auer Nuets ass net grad immens ;-) ... mee dofir gëtt een awer vum Sonnenopgank méi wei entschiedegt.

Eis Aarbecht war et bei der Récolte vu Réidercher ze hëllefen an do ass alles Handarbecht! Daat heescht Réidercher aus dem Buedem zéien, bündelen an dann duerno wäschen. Eist Ziel ass et op laang Siicht mat enger Grupp vu Bénévolen a spéider och mat Membere vun der Coopérative des Aarbecht op de Felder weiderfeieren ze kennen.


Hei e puer Impressiounen:



Wann der méi iwwert den Haff Trifolie wëllt gewuer ginn kuckt hei op hirer Websäit oder fuert lanescht a gitt an hire schéinen Haffbuttek kucken.



248 views2 comments

Recent Posts

See All
bottom of page