top of page

Chips emol anescht


Elo wou mer vun eisem neie Partner dem Haff Fischbach vun Äischer Grompere krute war d´Geleeënheet eppes ze testen wat mer elo schon op ville Platze gesinn haten a wat mer scho laang emol probéiere wollten.

Chips aus Grompereschuelen!

Klengt komesch, soll awer anscheinend richteg gutt sinn an dobäi sinn an de Grompereschuelen och nach ganz vill Närstoffer. Ok, mer mussen zouginn sou richteg gesond si Chips jo ni, mee mir wollten et awer trotzdeem wëssen. Wei schmaache Chips aus Grompereschuelen?

D´Rezept ass zimmlech einfach. Et brauch een:

1,2 kg Gromperen

3 EL Olivenueleg

Salz a Pëffer

1 Knuewelekszéif

Rosmarin


De Schäffche mat engem Bakblech op der mëttelster Schinn op 200°C virhëtzen.


Gromperen sou gutt botzen, dass een d’Schuel gutt kann iessen. D’Grompere schielen an d’Schuel mam Olivenueleg vermëschen a mat Salz a Pëffer wierzen. D’Knuewelekszéif mat der Schuel liicht zerdrécken an alles zesummen op dem Bakblech verdeelen.


15-20 Minutte knuspereg baken (heiansdo dertëschent dréinen).


Kuerz ier d'Chips fäerdeg sinn, de Rosmarin zupfen an ënnert d’Schuele mëschen.


D´Resultat gesäit zimlech gut aus ...




Mir waren iwwerrascht wéi gutt déi Chips schmaachen an einfach ze machen waren se och nach.


Also vun eis aus ganz kloer eppes wat ee kann méi dacks machen. Et muss een just Gromperen villäicht e bësse besser wäschen wei soss, mee soss ganz kloer eng cool Iddie!



216 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page