top of page

240 kg Geméis gerett!

Mir haten den 13.07 en éischten Testowend nom Motto "Gëff wat et dir wäert ass" organiséiert. Et ass eis dobai drëm gang de Prototyp vun eiser Iddie ze testen. Dofir hat mer Frënn a Bekannten invitéiert fir eis Iddie virzestellen, ze diskutéieren a Feedback ze kréien.

An mir si mam Resultat vun dësem éischten Owend immens zefridden.

Kenn der iech virstellen dat mer mat ärer Hëllef konnte ronn 10 kg Radieschen, 15 kg roud Rommelen, 40kg Fenschel, 40 Courgetten an 140kg Muerte retten. All des Liewensmëttel hätte soss misste wechgeheit ginn.



Et hunn sech eng ganz Rëtsch Leit agedroen déi, interesséiert sinn fir och an der Récolte ze hëllefen oder déi Interessi um Projet hunn. Mir haten immens flott Gespréicher a hunn eis immens gefreet dat all di kromm Muerten, deck Courgetten a gefleckte Radiesercher gutt bei iech ukomm sinn.




Mir wëllen awer och onbedéngt dem Jean-Luc Majerus an der Firma Majerus-Geimer MERCI soen dat hien eis dësen immens schéine Kader zur Verfügung gestallt huet an eisen zwee Partner de Biohäff Trifolie an Anmari ee grousse MERCI fir hiert Vertrauen.




162 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page